Beroden
Verkafen
Reparéieren

 

Äre Spezialist an Saachen IT

Eise Service am Computershop zu Beefort

Mir beroden Iech bei allem wat mat Informatik ze dinn huet

Dir hutt ee Problem mat ärem Computer oder Smartphone?
Dir wësst net weider am Windows?
Dir wëllt eppes Neies kafen, sidd Iech awer net sécher ob et dat richtegt fir Iech ass?

Dann si mir fir Iech do!

Mir hëllefen Iech gären an folgenden Beräicher:

  • Alles wat mat Computeren (Hardware an Software) ze dinn huet.
  • Windows, Apple, Linux
  • Tabletten an Smartphonen
  • Privaten Internet Reseau am Haus
  • an villes méi!

Mir lee wäert ob eis Ëmwelt an dofir reparéiere mir alles wat méiglech ass!

  • Computeren a Laptoppen
  • Tabletten a Smartphonen

Mir rëschten ob

Mir hëllefen Iech dobäi är Gerät rëm an Top Form ze kréien!

  • Mir rëschten äre Computer mat enger SSD ob.
    Dobäi muss de Computer net nei installéiert ginn, alles bleift bestoen, sou wei dir et gewinnt sidd!
  • RAM upgrade
  • Eppes funktionéiert net wei et soll, da kucke mir dono.

Backup & Datenrettung

Botzen & Optiméiren

  • Computer & Laptop entstëbsen
  • Windows botzen an optiméieren

Mir bauen (mat) Iech äre Computer ob Wonsch!

Dir sidd ob der sich no engem neie Computer, da sidd dir bei eis genau richteg!

Mir hëllefen Iech vun Ufank bis zum Schluss beim kaf a bau vun engem neie Computer. An natierlech och nom kaf si mir ëmmer fir Iech do!

Firwat een Computer bauen loossen wann et och fäerdeg gebauten Computeren ze kafen gëtt?

  • Dir kennt frei wielen wat dir un Computer Hardware wëllt dran hunn.
    Dir hutt keng Erfarung? Absolut keen Thema, dofir sinn mir do!
  • Äre Budget kann ob Iech ugepasst ginn. Sou kritt dir méi fir äert Geld!
  • Bei eis kritt dir Garantie ob déi eenzel Stécker!
  • Äre Computer kann zu all Moment geupgrade ginn.

Fäerdeg gebauten Computeren sinn net onbedéngt schlecht! An verschiddenen Fäll geet sou een Computer duer.
Oft ass do awer den Fall, dass dees Computeren net wierklech Upgrade fäeg sinn. Dëst mëscht Reparaturen um Computer oft méi deier oder souguer onméiglech!
Garantie ass och oft staark begrenzt.

Fir een bëllegen Office Computer ass dat net onbedéngt een groussen Nodeel.
Bei Multimedia an Gaming Computeren, kann dëst awer ganz schnell zu groussen Nodeeler feieren.
Doduerch dass dir Stécker matbezuelt déi dir villäicht ni benotzt, verléiert Dir Geld wat een besser benotzen kann!

Wat musse mir wësse wann dir ee Computer kafe wëllt?

Wat soll alles mam Computer méiglech sinn?

  • Büro Aarbechten (Surfen, Email, Texter schreiwen)
  • Multimedia / Kreatives (Foto, Video oder Musek Aarbechten)
  • Gaming / Streaming

Wat ass de Budget den dir zu Verfügung hutt?

  • Kann den ganzen Budget fir den Computer benotzt ginn oder mussen och nach Peripherie wei Bildschierm, Tastatur a Maus, Headset, asw kaaft ginn?

Dir hutt schonn eppes gesi wat Iech gefält

  • Dëst ass natierlech guer kee Problem, sot eis wat Iech gefält!

Dir wëllt gären dobäi sinn, wann mir de Computer bauen?

  • Dir sidd Interesséiert drun, wei den Computer zesummen gebaut gëtt.
    Bei eis däerf dir och hëllefen äre Computer zesummen ze bauen.

 

Dëst ass just ob Ufro méiglech! 

Besicht eis am Geschäft

1, rue Kummel

L-6310 Beaufort

Dir hutt eng Fro, zéckt net eis ze Kontaktéieren!