Op Moos
Individuell
op allen Plattformen

 

Mir programméieren fir Iech är App

Mir stellen fir: Beeforter App

Beeforter App ass een Projet, den mer fir d’Gemeng Beaufort realiseiert hun. Hei stellen mer Iech lo dei Hapt Fonktionen kurz fir.

Beeforter App

Allgemeng

D’App riicht sech un d’Awunner mee awer och un d’Touristen a Besicher. Sie stellt eng zentral Sammlung aller nëtzlecher Informatioune ronn em d’Gemeng Beaufort duer. Et fënnt een doduerch schnell an einfach alles wat ee wësse well.

Zu de Besonneschkeete gehéieren:

  1. d’aktuell Wierder Informatiounen
  2. Alles ronn em Gemengeverwaltung
  3. eng Oplëschtung aller interessanten Infrastrukturen
  4. Sie ass multilingual
  5. eng Iwwersiicht iwwer d’Veranstaltungen
  6. een Agenda
  7. eng interaktiv Kaart
  8. Wander- a Vëlosweeër
  9. Busverbindungen
  10. Veräiner an Organisatiounen
  11. Den Ofallkalenner
  12. Push Noriichten
Beeforter App
Beeforter App

Ofallkalenner

Eng vun dënnen meescht gefroten Funktiounen ass den digitalen Ofallkalenner.

Hei gi all zukünfteg Daten ugewisen, an et kann een sech zu all Poubelle eng Erënnerung fir den Virdaach setzen.
Droduch vergësst een net méi sou schnell seng Poubelle och virun Dier ze stellen.

Interaktiv Kaart

Op der interaktiver Kaart een alles wat Beefort ze bidden huet an si léist sech och no Kategorien filteren:

  • Restaurants
  • Cafés
  • Geschäfter
  • Bushaltestellen
  • Wander an Vëlosweeër
  • ëffentlech Poubellen
  • Bréifkëschten
  • Picknick Platzen
  • uvm.

Ausserdeem gëtt och säin eegenen Standpunkt ugewisen.

An souguer Wander an Vëlosweeër kennen engem ganz duergestallt gi.

Beeforter App
Beeforter App

Bus Verbindungen

All Bushaltestellen aus dem Duerf mat allen Busverbindung gi an Echtzäit mat allen Stopps ugewisen, a kennen no folgenden Kriterien gefiltert ginn:

  • Busnummer
  • Bushaltestell
  • Stroossesäit

Wander- an Vëlosweeër

Fir d’Frënn vun der Natur, loossen sech an der App och all Informatioune ronn em d’Wander- a Vëlosweeër fannen.

Di kann een sech dann duerchliesen, oder direkt ob der Kaart uweise loossen.

Beeforter App

Dir hutt och eng Idee déi der ëmgesat wëllt kréien? Zéckt net eis ze Kontaktéieren!

Menü