Computer Hëllef
Luese PC, Feelermeldung oder Virus? Mir hëllefen verständlech a mat Gedold – och bei Geräter, déi net bei eis kaaft goufen.
4,9 32 Bewäertungen op Google
Wat mir Iech hëllefen
Ëmgank mam Computer
Mir erklären a Rou, wéi Äre Computer funktionéiert verständlech an ouni Fachjargon.
Ëmgank mat Programmer
Vun den éischte Schrëtt bis zu de Funktioune, déi Dir wierklech braucht.
Froen ronderëm de Computer
Egal wéi kleng eng Fro schéngt mir huele eis d'Zäit, déi et brauch.
Donnéeën-Sécherung & Backup
Mir richten eng verléisslech Sécherung an, esou datt Är Donnéeën ni verluer ginn.
Printer, WLAN & Internet
Ariichten a Feelerbehiewung, wann d'Verbindung net funktionéiert.
Botzen
Mir botzen Äre Apparat grëndlech vu bannen an dobaussen fir eng besser Killung an eng méi laang Liewensdauer.
Net bei eis kaaft? Kee Problem! Mir hëllefen bei all Apparat egal wou Dir en kaaft hutt.
E perséinlechen Termin ganz op Iech zougeschnidden
No Vereinbarung huele mir eis bewosst Zäit meeschtens 1–2 Stonnen fir 1-op-1 mat Iech duerchzegoen, wat Iech wichteg ass. Wéi e klengen Cours, just ganz op Iech zougeschnidden: mir gi geziilt op Är Froen, Onsécherheeten a Schwächen am Ëmgank mam Computer an Ärem Tempo.
Iwwerleet Iech gären am Viraus, wéi eng Themen Dir wëllt bespriechen esou notze mir d'gemeinsam Zäit optimal.
Schued & Reparatur
Esou leeft eng Reparatur bei eis of:
Diagnos
Mir fannen déi richteg Ursaach
Besprechung
Mir erklären d'Resultat an d'Käschten
Är Fräigab
Mir fänken eréischt un, wann Dir zoustëmmt
Reparatur & Test
Fachgerecht Reparatur, kontrolléiert virum Ophuelen
Reparéieren amplaz ewechzegheien:
En Neikaf ass fir eis ëmmer déi lescht Optioun.